Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique
No Events

Move. Versammlung – déi 1. no der Vakanz

Add to iCal   >

virbereedung-move-konsum-atelier

Komm op déi 1. move. Versammlung no der Vakanz. Mir hu lauter flott Projeten um Start fir Jiddereen deen eppes wëll beweegen!

Um Programm stinn…TTIP&CETA Demo, De Warm-up Event am Gudde Wellen wou mer Plakater maachen, de Stand op der Oekofoire plangen, eng Aktioun zum Zukunftsdësch ( wou déi jonk net gefrot gi sinn), an an an….

Dëst ass d’Méiglechkeet fir interessant nei Jonker kennen ze léieren a fir sech iwwert dat auszetauschen wat eis beweegt, an natierlech ka jiddereen seng egen Iddie mat rabréngen!

P.S. Wanns de dech gär bei move. wëlls engagéieren, mat Aktivitéite plangen, op aktuellen Theme schaffen, an ‘s de awer net genau weess wéi, wat, wou, da schreif einfach dem Cédric e Mail op move@oeko.lu.

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci