Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move. Versammlung déi drëtt 2017

Add to iCal   >

tom-header-3

 

move. Versammlunge sinn ëmmer erem eng Méiglechkeet sech mat anere Jonken an engem relaxe Kader auszetauschen an seng eege Projeten opzebauen. Op den nächste move. Versammlungen ass jidderee Wëllkomm den sech engagéiere wëll.

Wat maache mer op dëse Versammlungen?

Mir organiséiere en Event: move.Your.city, op dësem Event stelle mer eis Kaart move.approved fir, dëst ass eng Kaart mat ëffentleche Platzen, wou Jonker sech kënne begéinen, awer och, an eisen Aen zukunftsfäege Geschäfter a Restaurant‘en.

Desweidere wäerte mer dann och bestëmmt eng Äntwert hunn op eise Bréif un d’Ministere fir Äntwerten op eis Denkustéiss zu Welcome to our future ze kréien. Bei Welcome to our future geet et drëm eis Zukunftsvisioun de Politiker méi no ze bréngen…

Du hues nach Froen? Maach einfach e Mail op move@meco.lu
A wéi gesot….looss den Tom net am Stach;)

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci