Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Move. Versammlung – We are back!

Add to iCal   >

move. is back!

Mat néier Energie starte mir no der Vakanz erëm duerch, dëst éischtens mat eise lafende Projete wéi “move.approved” oder “Um Comptoir” an zweetens mat néien Iddien, Initiativen, Projeten oder Excursiounen.

Wat steet um Plang?

  1. An dëser éischter Versammlung no der Summerpaus maache mir natierlech ee kuerze Bilan wou move. aktuell mat de verschiddene Projeten drun ass a wat elo am Hiecht & Wanter esou usteet.
  2. Dono wäerte mir da ganz konkret un move.approved schaffe wou mir esou lues an der ganz leschter Phase ukomm sinn an och esou lues entscheede musse wéini dëse Projet soll un d’Ëffentlechkeet goen.

———

Dës Versammlung ass am Oekozenter am grousse Sall!!!

Wgl. dénk drun deng Mask matzebréngen, an desinfizéier dir beim Erankommen deng Hänn.

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci