True Cost – Filmowend
Add to iCal >TRUE COST – FILMOWEND
Mir ginn an d’Geschäft a kafen eis Kleeder. Ma amfong wësse mer all dat d’Aarbëschtkonditiounen vun den FarbikmataarbëschterInnen a China oder Bangladesh oft ganz schlecht sinn – vum Loun net ze schwetzen. Den Dokumentarfilm True Cost, beliicht net nëmmen d’Konditiounen an d’Funktionnéieren vun der Textilindustrie, ma e weist och datt mir als Konsumenten drop an derwidder bedru ginn.
Komm laanscht a verbréng mat anere Jugendlechen e gemittlechen Owend. Zesumme kucke mer den Dokumentaire True Coast mat Kinosstëmmung. MIr loossen den Owend dann och mat engem gemeinsamen Iessen ausklengen. Dobäi kënne mer dann och iwwert de Film diskutéieren.
Dëst Owesiessen wäert ënnert der Form vun enger Auberge Espagnole ooflaafen. Jiddereen bréngt eppes vegetarësches oder veganes z’Iesse, sou datt mer e grousse Buffet zesummekreien wou jiddereen sech da kann dat huelen op dat e Loscht huet.
