Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung – Welcome back!

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

  • De 24 & 25sten ass den Oekofestival, a mir wéilten als move. och present sinn an eng kléng Chill-Area opbauen. An dëser Versammlung plange mir eise Stand a maachen nach puer läscht Verbesserungen un der moveapproved-Tour déi mir um Summercamp virbereet haten.
  • Update Restopolis/Kantinnen: nodeems sech move. laang Zäit op dësem Thema engagéiert huet an zesumme mam Mouvement verschiddene Stellungnamen un d’Politik geschéckt huet gëtt et elo een Duerchbroch an dëser Matière. Den Update heizou gëtt et an der Versammlung.

Dës Versammlung ass am Oekozenter!!!

Wgl. dénk drun deng Mask matzebréngen, an desinfizéier dir beim Erankommen deng Hänn.

D’Versammlung ass am klénge Sall (Rez-de-chaussée) ënnert den aktuelle sanitäre Moossnamen.

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci