Stop Ecocide – Marche pour la Terre 2026
Den 22. Abrëll 2026, am Kader vun der Journée pour la Terre, gouf wéi all Joer nees d’Marche pour la Terre an der Stad organiséiert. D’Zil: sech zesummen asetze fir eng besser Zukunft vun eisem Planéit, senger Natur a senge Mënschen. Och e puer Jonker vu move. – déi Jonk am Mouvement écologique – waren dëst Joer nees mat dobäi.
Als Optakt gouf et ee Concert vum “Choir for Ecocide Law”, engem Chouer, deen op déi massiv Zerstéierung vun eiser Ëmwelt (Ecocide) opmierksam mëscht. Si hu véier Stécker aus hirem Programm “Let’s change the rules” präsentéiert.
Duerno si mir alleguerten zesumme vun der Gare a Richtung Chamber getrëppelt. Dobäi hu mir gesongen an op d’Wichtegkeet vun der Klimagerechtegkeet opmierksam gemaach. Virun der Chamber ukomm, hunn déi verschidden Organisatiounen, déi d’Marche organiséiert hunn, hir Fuerderungen duergeluecht. Dobäi gouf ënner anerem d’Aféierung vun enger sougenannter “Ecocide Law” hei zu Lëtzebuerg an eng gerecht a sozial Transitioun fir d’Klima an d’Zukunft vun de Kanner gefuerdert.
Et war deemno eng gutt Geleeënheet, erëm als Grupp zesummen ze kommen an eis gemeinsam ze engagéiren!

Date de publication : 29.04.2026