Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Theaterstéck: “Mir musse just nach waarden”

E Sonndeg hat move. a Collaboratioun mat der KlimaKollektiv KliKo mat engem absurden Theaterstéck virun der Chambre des Députés op d’Klimakris a virun allem och op d’Klimapolitik opmierksam gemaach.

No deem wäermste Summer zënter 1947 zu Lëtzebuerg an de villen Hëtztwelle mat 35.000 Hëtztdoudeger an iwwer 500.000 Hektar verbrannter Fläch ass et evident, dass d’Klimakris och an Europa ukomm ass. D’Ausso vum Ëmweltminister dass d’Leit dat séier vergiesse géingen, weist datt d’Ausmooss vun der Klimakris net eescht genuch geholl gëtt, an huet d’Decisioun, de Rekord-Summer mat engem absurden Theaterstéck iwwert dës Situatioun auskléngen ze loossen nëmme bestätegt. Dëse Summer dierf nämlech absolut net esou séier a Vergiessenheet geroden. D’Rapporte sinn däitlech: Fir d’global Erhëtzung ze limitéieren, muss einfach méi geschéien.
Dowéinst gouf op kreativ Aart a Weis drop opmierksam gemaach, dass et endlech Zäit gëtt eppes z’ënnerhuelen an d’Regierung eng Klimapolitik maache muss, déi eis sou séier wéi méiglech aus der Ofhängegkeet vun de fossille Brennstoffer wechbréngt. 

Am Theaterstéck “Mir musse just nach waarden” waart d’Moderatorin op d’Invitéeë vun enger Table Ronde iwwert de Parteien hir Léisungsvirschléi fir d’Ëmwelt ze schützen an de Klimawandel unzegoen. Déi tauchen awer ni op, esou dass si a mir all weider op eng Äntwert waarde mussen, wärenddeems d’Klimakris weider hire Laf hëlt. Et goung deemno dorëms ze weisen, dass eng Klimapolitik déi ze spéit wierkt méi schlëmm ass wéi eng Klimapolitik déi nervt.

D’Stéck inspiréiert sech um Samuel Beckett sengem “Waiting for Godot” (1952) wou 2 Charakteren op de Godot waarden, deen awer ni optaucht. Eng 50 Leit haten de Wee och bei Reen op de Krautmaart fonnt. 

Merci jidderengem dee gehollef huet a mir bleiwen drun a wäerte weider Aktiounen organiséieren! Wann’s du och wëlls deng Iddi’en mat abréngen, dann komm de 24.09 fir 17h00 an de Pafendall. Hei beschwätze mir nei Iddien an Projet’en. Du kanns einfach spontan laanscht kommen ouni dech unzemellen.

Fotoen: (c) Emma Bervard/KliKo


Date de publication : 17.09.2026

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci