Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Atomreakter oder Naturschutz an Erhuelung

Add to iCal   >

Firwat et sech lount sech ze engagéieren

Op der „Schengener Wiss“ südlech vun de Baggerweieren zu Remerschen war an de 70er Joren en Atomkraaftwierk an iwwer d’Weieren eng Autobunn geplangt. Duerch den onermiddlechen Asaatz vun enger Biergerinitiativ, den Ëmweltorganisatiounen a ville Bierger konnt dëst verhënnert ginn. Wéi ass et dozou komm a wat waren d’alternativ Proposen zu Atom an Autobunn? Wéi war et méiglech, dës Visioun – aner Wäerter – och politesch duerchzesetzen? Fir dëse Froen nozegoen, verbrénge mer dëse Weekend an der Jugendherberg zu Remerschen. Zesumme mat Zäitzeie kucke mer op de Konflikt zeréck, gi gewuer wat dat fir d’Zukunft bedeit, a gesi firwat et sech lount sech ze engagéieren. Nieft engem Tour duerch déi villfälteg Natur, wäerte mer an der Nuecht och eng faszinéierend Fliedermausbesichtegung maachen. Du frees dech wat d’Fliedermaus mat dem Ganzen ze dinn huet? Komm mat a fann et eraus!

remerschen

Programm:

Samschdes 9. Juli

14h – Ukommen a Kenneléieren
15h – Entdecke vum Haff Réimech
17h30- Fräizäit & Austausch
19h – Iessen
21h – Eng Fledermäiskoloni vu ganz no erliewen – duerno gemittlech Owend ausklenge loossen

Sonndes 10. Juli

8h30 Kaffi
10h00 – Treffen mat Akteuren fir sech mat hinnen iwwert d‘Vergangenheet auszetauschen.
12h30 Mëttesiessen + leschten Austausch

Bei guddem Wierder gi mer duerno schwammen.

Dëse Weekend ass fir Jonker bis 27 Joer.

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci