JugendKlimaForum Saarbrücken
Add to iCal >Den 9. September fueren mir zesumme mam Bus op Saarbrécken, fir um JugendKlimaForum deelzehuelen. D’Konferenz gëtt vu jonken Engagéierten organiséiert, déi och de Programm vum Dag zesummegestallt hunn. Iwwert den Dag ginn et spannend Diskussioune mat PolitikerInnen an en Austausch iwwer Klimaschutz.
Et ass eng ideal Geleeënheet fir nei Leit mat de selwechten Interessien kennenzeléieren an vill Inspiratioun mat op den eegene Wee ze huelen.
📅 Wéini: 9. September, vun 10:00 bis 15:30 Auer
📍 Wou: Saarbrécken, Saarrondo
Hues du Loscht matzefueren? Mell dech bei eis iwwer Instagram (@move.meco) oder via Mail (move@oeko.lu) – mir géifen eis freeën, dech dobäi ze hunn!
