Beem planzen mat move.
Add to iCal >Den 30. Mäerz gi mir mat engem Biolog op Rammerech an de Bësch, wou mir méi iwwert déi aktuell Erausfuerderunge vum Bësch (Bëschstierwen, Klimawandel etc.) gewuer ginn an awer och selwer Beem planzen! Mir starten moies an der Stad a sinn dee ganzen Dag ënnerwee (bis ongeféier 16 Auer). Tëschenduerch maache mir eng kleng Iessenspaus zu Pärel.
D’Fotoen sinn iwwregens vun der leschter Bamplanzkatioun am Dezember, wou et e bëssi méi kal an naass war. Denkt trotzdeem och dës Kéier drun, fest Schong unzedoen a Kleeder, fir baussen ze schaffen.
Map Unavailable