JUST picnic – Responsible consumption & open talk with the UN Youth Delegates
Add to iCal >Zesumme mam Lara a mam Ines, den zwee lëtzebuergeschen Delegéierte bei de Vereente Natiounen, organiséiere mir de 15. September (pünktlech fir d’Rentrée) ee lockeren Echange bei engem Picknick mat lokale, fairen a saisonale Produiten. Dobäi kachen a preparéieren mir de Picknick zesummen, diskutéieren iwwert nohalteg a responsabel Consommatioun a maachen ee coole Quiz zum Sujet “nohalteg Konsommatioun”, eent vun de nohaltegen Entwécklungsziler vun der UN.
Du wëlls den zwee Jugend Delegéierten ee Message mat op New York ginn, wou si d’Jugend vertrieden? Da komm laanscht, ab 17h30 am Oekozenter Pafendall. Fir mei Infoen zu hirer Aarbecht, kuck hei.
Umelle kanns du dech am Virfeld op move@oeko.lu oder hei riets iwwert de Formulaire.