Klima-Talk: En Diskussiounsowend vu Jonke fir Jonker
Add to iCal >Wat leeft op de groussen, internationale Klimakonferenzen? Wee schwätzt do mat a wéi ass d’Stëmm vun der Jugend do vertrueden? Wat bedeit dat fir eis (Klima-)Politik an d’Thema Klimawandel an de Schoulen zu Lëtzebuerg? Dës a méi Themen wëlle mir mat dir zesummen beschwätzen, den 12. Februar ab 18 Auer am Gudde Wëllen an der Stad!
Komm laanscht a stell deng Froen un d’Natasha Lepage, wat als Climate Youth Delegate op der internationaler Klimakonferenz 2024 zu Baku dobäi war. D’Natasha engagéiert sech scho méi laang fir dass sech eppes an der Klimakris ännert. Fir d’éischt am Lycée, bei move. a Youth for Climate an elo och als Climate Youth Delegate, fir de Jonken eng Stëmm ze ginn. Gëff gewuer, firwat et sech lount, sech fir eise Planéit ze engagéieren.
So eis deng Meenung an tausch dech mat anere Jonken aus. Dëst an enger relaxer Diskussiounsronn mat Snacks a Gedrénks.
So eis gär am Viraus Bescheed, ob du dobäi bass, fir dass mir eis besser organiséiere kënnen, op move@oeko.lu, op Instagram (move.meco) oder iwwer de Formulaire hei op der Säit.