move. Brunch mat Punch Needle Workshop – FULL
Add to iCal >Wat ass eng vun de beléiftste Sonndesaktivitéiten? Natierlech, e Brunch!
Dofir invitéiert move. ab elo 1x de Mount Sonndes op e grousse Brunch bei eis am Oekozenter Pafendall. Fir leckert vegetarescht a vegant Iessen ass natierlech gesuergt soudass fir jiddereen:t eppes dobäi ass.
Et soll déi Deeg awer net nëmmen ëm d’Iesse goe mee och dorëms, eppes cooles zesummen ze maachen. Dofir organiséiere mir all Kéiers eng Aktivitéit/e Workshop/en Atelier, deen op déi eng oder aner Aart a Weis eppes mat den Themen ze dinn huet, op deenen eise Grupp schafft.
Am Dezember ass et Zäit fir ee cozy Punch-Needle Workshop mam Ceci!
D’Ceci ass Social Media Expertin, Podcasterin (Ceci do you love me, Culture.lu) an hatt huet och säin eegenen Creative Hub. Mat eis wäert d’Ceci kleng Ënnersetzer maachen, a Form vun enger Äerd, dem Move Blat oder nach aner Designs – Zäit fir kreativ ze ginn also!
Mir freeën eis op jiddereen:t wou kënnt. Fir dass mir genuch Materialien fir de Workshop hunn, wir et gutt, wanns du dech bis de 27. November umelle kéints. Dat geet hei uewen iwwert de Formulaire, mat engem Mail un move@oeko.lu oder iwwer PN op eisem Instagram move.meco
Präiss fir de Brunch + de Workshop
- Move.-Memberen: 10€
- Net-Memberen: 15€