move. Brunch mat Käschtenworkshop
Add to iCal >Wat ass eng vun de beléiftste Sonndesaktivitéiten? Natierlech, e Brunch!
Dofir invitéiert move. ab elo 1x de Mount Sonndes op e grousse Brunch bei eis am Oekozenter Pafendall. Fir leckert vegetarescht a vegant Iessen ass natierlech gesuergt soudass fir jiddereen:t eppes dobäi ass.
Et soll déi Deeg awer net nëmmen ëm d’Iesse goe mee och dorëms, eppes cooles zesummen ze maachen. Dofir organiséiere mir all Kéiers eng Aktivitéit/e Workshop/en Atelier, deen op déi eng oder aner Aart a Weis eppes mat den Themen ze dinn huet, op deenen eise Grupp schafft.

Lass geet et mam Lori a sengem Workshop “Naturkosmetik – kreativ, natierlech, pfleegend“.
D’Lori ass Natur- Wëllplanzen- a Wildnispädagogin a bitt Workshops fir Grouss a Kleng ronderëm d’Wëllplanze Welt un. Mat eis mécht hat, passend zum Hierscht, Shampoing aus Käschten. Dofir gi mir no eisem Brunch zesummen Käschte sammelen am Pafendall fir se da weider ze verschaffen. Falls dir e Käschtebam doheem hutt oder beim spadséieren laanscht ee kommt, da bréngt der gäre schonn e puer mat well mir brauchen der vill 😉
Mir freeën eis op jiddereen:t wou kënnt. D’Plaze sinn net limitéiert dh bréngt esou vill Kolleegen mat, wéi dir wëllt, soulaang all Persoun ugemellt ass.
Umelle kënnt dir iech hei uewen iwwert de Formulaire, mat engem Mail un move@oeko.lu oder schreift eis eng PN op eisem Instagram move.meco
Präiss fir de Brunch + de Workshop
- Move.-Memberen: 10€
- Net-Memberen: 15€