Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move. geet an den 2000m2-Gaart!

Add to iCal   >

Wat kann een alles op engem Feld vun 2000m2 ubauen? Wéi wierken individuell Iess- Entscheedungen sech op d’Produktioun vu Liewensmëttel an domat och op d’Natur an d’Klima aus? Wat kann awer och d’Politik maachen, fir eng nohalteg Landwirtschaft ze fërderen?

Zesumme mam Tom vun natur&ëmwelt gi mir gewuer, wéivill Fläch ee brauch, fir eng Persoun ee Joer laang ze ernären a wat een dofir uplanze kann. Natierlech wäerte mir do och eng Hand mat upaken an am Geméisgaart schaffen.

Mell dech hei iwwert de Formulaire un oder schreif eis einfach iwwer Instagram oder op move@oeko.lu, wanns du gär mat dobäi wëlls sinn!

Wichteg Informatiounen

Treffpunkt fir dës Aktivitéit ass um 13:45 beim Haus vun der Natur op der Kockelscheier (5, Route de Luxembourg, 1899 Kockelscheuer).

De Wee dohinner fannt dir mam Bus Nr.18 vun der Gare Centrale bis Kockelscheuer Patinoire (an dann 100 Meter zu Fouss).

Méi Infoen zu dësem Projet fënns du hei:

 

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci