Summerpicknick
Add to iCal >D’Summervakanz steet virun der Dier! Ier dass och move. an eng wuelverdéngte Summerpaus geet, treffe mir eis nacheemol fir zesummen am Park ze chillen an e klenge Picknick ze maachen. Mir huelen Decken, Spiller a gutt Musek mat a loossen et eis bei (hoffentlech) guddem Wieder zesumme gutt goen. Natierlech ass jiddereen:t wëllkomm!
Treff ass wéi gewinnt um 17.30 Auer am Oekozenter. Mir freeën eis!