Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

  • Um Comptoir: Beim intergenerationelle Podcast vu move. “Um Comptoir” hunn mir an all Episod een oder méi spannend Gäscht mat deenen mir iwwert ee spezifescht Thema schwätzen. Fir déi kommend Méint wëllen mir festleeën mat wiem mir iwwert wéieen Thema schwätzen wéilten.
  • Plang Hiecht/Wanter: Wat wëlle mir am Hiecht Wanter maachen, wourop leeë mir de Fokus, wéi eng Excursiounen, Aktivitéiten an Eventer wëlle mir maachen.

Dës Versammlung ass am Oekozenter!!!

Wgl. dénk drun deng Mask matzebréngen, an desinfizéier dir beim Erankommen deng Hänn.

D’Versammlung ass am grousse Sall (éischte Stack) ënnert den aktuelle sanitäre Moossnamen.

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci