move. Versammlung
Add to iCal >
Hues de Bock dech mat anere Jonken an engem relaxe Kader auszetauschen, ze kachen an är eege Projeten opzebauen? Da komm op déi nächst move. Aktivitéiten. Mir hu lauter flott Projeten um Start fir Jiddereen deen eppes wëll beweegen!
move. Versammlunge sinn ëmmer rem eng Méiglechkeet sech mat anere Jonken an engem relaxe Kader auszetauschen an seng eege Projeten opzebauen.
An dëser Versammlung entwéckele mir eis Projeten zum Thema “Wuesstem – eis Zukunftsvision” an der “move.approved City Map” weider… Jee méi Iddien, ëmsou besser!
Detailer zum Programm:
– Wuesstem
D’Politiker diskutéiere grad vill doriwwer wei Lëtzebuerg an Zukunft soll ausgesinn: méi Digitaliséierung, gréng Energien, Fërdere vu lokale Betriber, Elektromobilitéit, nei Wunnformen, méi „Sharing“ manner „Having“. Et si vill gutt Usätz dobäi. Mir wëlle kucken: Kenne mir och aktiv matgestalten? Feelt villäicht eppes bei den Debatten, wat eis awer wichteg wär?
Mir wëlle probéieren eis Iddie konkret mat anzebréngen an eis mat der Regierung austauschen.
—-
– „Move Approved“ City Map
D’Spots si fonnt, d’Kritäre bal ganz ausgeschafft: Elo geet et un d’Erstelle vun der Kaart selwer.
Loading Map....