Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung – Alles op de Vëlo & Gudde Moien Grand-Duc

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

  • Zesumme mat YFC ass move. op eng Audienz beim Grand-Duc agelueden, wat natierlech eng grouss Éier ass an och eng gutt Geleeënheet ass fir eis mam Staatschef auszetauschen. Dofir wëlle mir natierlech kuerz schwätze wourop mir am Gespréich de Fokus leeë wéilten.
  • Den 18.07.21 ass den nächsten “Alles op de Vëlo” an hei wier et natierlech super cool wann mir als move. och een eegene Chill-Stand géife maachen, vlt och mat enger Aktivitéit. Do iwwerleeë mir zesumme wéi eng Méiglechkeeten et hei gëtt!

Dës Versammlung ass online via Zoom!!!

Meeting ID: 369 987 7410
Meeting PW: 0110001111
Meeting Link: https://us02web.zoom.us/j/3699877410?pwd=Z3J5U0kweTBiWDk4NEpDVkpuU0ZNZz09
Dës Woch fënnt éis Versammlung nees online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Zoom.
Besuergt iech en Headset (Kopfhörer mat Micro drun).

Kuckt iech optimalerweis virun der Versammlung un wéi Zoom funktionéiert, fir dass mir wärend der Versammlung produktiv schaffen kënnen.

 

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci