Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung – moveapproved goes Esch (2/4)

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

Nodeems mir an der leschter Versammlung de Projet moveapproved.lu am Escher Jugendhaus virgestallt hunn a Jonker aus ganz Esch & Belval invitéiert hunn fir sech un dësem Update zu bedeelege schaffe mir an dëser Online-Versammlung eng Lëtsch aus mat interessanten Adressen déi a Fro komme fir mam Update op d’Kaart gesat ze ginn a sichen och schonn deelweis déi éischt Informatiounen zu dësen Adressen online eraus.

An der kommender Woch gi mir da Freides de 15ten zesummen dës Adresse besichen an treffen dann d’Entscheedunge wéi eng Adressen et wierklech verdéngt hunn beim Update derbäi ze sinn an Deel vum éischte Lëtzebuerger Sustainbility-Onlineguide ze ginn.

Dës Versammlung ass online via Zoom!!!

Meeting ID: 369 987 7410
Meeting PW: 0110001111
Meeting Link: https://us02web.zoom.us/j/3699877410?pwd=Z3J5U0kweTBiWDk4NEpDVkpuU0ZNZz09
Dës Woch fënnt éis Versammlung nees online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Zoom.
Besuergt iech en Headset (Kopfhörer mat Micro drun).

Kuckt iech optimalerweis virun der Versammlung un wéi Zoom funktionéiert, fir dass mir wärend der Versammlung produktiv schaffen kënnen.

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci