Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung – moveapproved goes Esch (3/4)

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

An dëser Versammlung maache mir een Tour duerch Esch & Belval a ginn op de verschiddenen Adresse laanscht déi mir gäre géifen op moveapproved.lu virstellen. Dobäi schwätze mir mat de Léit op der Platz selwer, a bilden eis ee méi geneet Bild vun der Adress fir kennen ze entscheede wat mir wëllen op de Site setzen a wat awer léiwer net.
D’Adressen déi mir wëllen kucken goen sinn déi hei:

  • Déierenpark*,
  • Ellergronn,
  • Galgebierg*,
  • Parc Laval,
  • Cockerill Parc*,
  • Parc “Um Belval”,
  • Hariko*,
  • Facilitec,
  • Cigl,
  • 4U,
  • Escher Theater*,
  • Kufa,
  • Konschthaal*,
  • Kamellebuttek*,
  • Escher Café,
  • Librarie Diederich,
  • Mesa,
  • Kaf Local,
  • Chiche, Beet

Treffpunkt ass um 15:30 bei der Escher Gare (1, Bd John F. Kennedy, 4170 Esch-sur-Alzette)

 

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci