Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung: Sou gesäit eng move. Gemeng aus!

Add to iCal   >

Wat steet um Plang?

Op eisem move. Fest hu mir iech gefrot: Wéi gesäit eng move. Gemeng aus? An dir huet alleguerten är Iddie mat eis gedeelt an opgeschriwwen. An et mierkt een: a sou munche Gemenge gëtt et nach vill ze dinn!

Wat geschitt elo domat?

Natierlech wëlle mir, dass är Iddien elo och an de Gemengen ukommen! Dofir wäert eis Versammlung den 10. Mee sech ganz ronderëm eis Fuerderungen un d’Lokalpolitiker:innen dréinen. Du bass häerzlech invitéiert fir laanscht ze kommen a mat eis ze iwwerleeën, wéi mir déi Fuerderungen zesummefaassen a presentéiere wäerten.

Du hues Loscht dech ze engagéieren an nei Leit kennenzeléieren?

Da komm einfach laanscht an den Oekozenter Pafendall (6, rue Vauban) an tausch dech mat anere Jonken zu deene Sujeten aus, déi dir um Häerz leien, déi dir Suerge maachen oder wous du dech wëlls abréngen.Wat kann ee maachen géint d’Klimakris? Wat léist si bei eis aus? Wéi kann d’Plastikflut agedämmt ginn? A villes méi.

D’move Versammlung ass ee reegelméissegt Treffen, bei deem mir eis zesummen iwwerleeën, wéi mir eis engagéiere kënnen a wéi eng Aktiounen mir Loscht hätten, zesummen ze organiséieren. Et ass och méiglech, dech iwwer Videokonferenz bäizeschalten wanns du net am Land bass.

Du hues nach Froen?

Da mell dech beim Catherine oder beim Tanja iwwer move@oeko.lu oder schreif eis op Facebook/Instagram.

Mir freeën eis!

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci