Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung – Sustainable Fashion October

Add to iCal   >

Du hues Loscht dech ze engagéieren an nei Leit kennenzeléieren?

Da komm einfach laanscht an den Oekozenter Pafendall (6, rue Vauban) an tausch dech mat anere Jonken zu deene Sujeten aus, déi dir um Häerz leien, déi dir Suerge maachen oder wous du dech wëlls abréngen.Wat kann ee maachen géint d’Klimakris? Wat léist si bei eis aus? Wéi kann d’Plastikflut agedämmt ginn? A villes méi.

D’move Versammlung ass ee reegelméissegt Treffen, bei deem mir eis zesummen iwwerleeën, wéi mir eis engagéiere kënnen a wéi eng Aktiounen mir Loscht hätten, zesummen ze organiséieren. Et ass och méiglech, dech iwwer Videokonferenz bäizeschalten wanns du net am Land bass.

Wat steet um Plang?

Den Oktober steet bei eis ganz am Zeeche vun nohalteger Kleedung. Bei eisem Upcycling Workshop krute mir eng ganz interessant Aféierung vun den Experten vu Rethink Your Clothes zu Lëtzebuerg a konnten duerch den Upcycling vun ale Kleedungsstécker ee klengen Deel zur Léisung bäidroen. Elo wëlle mir dat Wëssen notzen fir konkret Fuerderungen ze stellen an um Black Friday am November op dee Problem opmierksam ze maachen. Du bass häerzlech wëllkomm fir mat eis eng cool Aktioun ze plangen!

Du hues nach Froen?

Da mell dech beim Catherine oder beim Tanja iwwer move@oeko.lu oder schreif eis op Facebook/Instagram.

Mir freeën eis!

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci