Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Upcycling Workshop mat Rethink your Clothes

Am Oktober hu mir zesumme mat Rethink Your Clothes (ee Projet vun der Caritas zu Lëtzebuerg) een Upcycling Workshop an hirem Atelier an der Uewerstad organiséiert. Zil war et, eng Rei vun de Kleeder ze verwäerten, déi nach vun eiser Kleedertauschparty um Summerfest iwwreg bliwwe sinn an eis zum Thema auszetauschen.

De Workshop ass lass gaange mat enger Aféierung an d’Problematik vun eisem Konsum vu Fast Fashion. Haaptsächlech ass et dobäi em d’ëmwelt- a menscherechtsschiedlech Produktioun vun de Kleeder gaangen. E schlëmmt Beispill war den dramateschen Zesummebroch vun der grousser Kleederfabrick am Bangladesh/Rana Plaza 2013 an déi schlecht Bezuelung a Schaffkonditioune vun de Mënsche sur place, fir datt mir Kleeder zu engem bëllege Präis kafe kënnen.

Duerno hu mir mat Rethink Your Clothes iwwer politesch Fuerderungen geschwat, déi fir eng méi nohalteg Kleederproduktioun a -consommatioun néideg wieren.

  • Ee legale Kader fir d’Kleederproduktioun am Ausland wier duerch ee nationaalt Liwwerkettegesetz (devoir de vigilance) méiglech. Duerch esou e Gesetz géifen d’Entreprisë verflicht ginn, och op ökologesch a sozial Krittäre bei der Produktioun am Ausland opzepassen.
  • TVA op Second Hand Kleedung ass am Moment genau d’nämmlecht héich wéi fir nei Kleedung. Dat, obwuel duerch de Verkaf vun dëse gebrauchte Kleeder jo guer keng “valeur ajoutée” bäikomm ass. Duerch d’Erofsetze vun der TVA kéint ee Second Hand och präislech vill méi attraktiv maachen.
  • Och um gesellschaftlechen Niveau misst een d’Reparatioun vu gebrauchten a futtisse Kleeder méi an den Alldag integréieren a “mainstreamen”. Dat, z.B. andeems Bitzcoursen an de Schoulen oder an de Gemengen/Regiounen ugebuede ginn, fir datt den éischte Reflex net méi ass, Kleeder direkt ewechzegeheien.

No deser Aféierung huet dunn de prakteschen Deel ugefaangen. Mir krute Stoffstécker zur Verfügung gestalt a jidderee konnt säi Kleedungsstéck esou gestalten, wéi e wollt. D’Animatrice Nora Schlesser, eng lëtzebuergesch Néiesch, huet eis dobäi sou gutt et geet gehollef an eis Tipps ginn. Zum Schluss si lauter schéin, kreativ an individuell Resultater dobäi raus komm.

E puer Zuelen zu Fast Fashion:

  • Zu Lëtzebuerg gëtt pro Minutt den Equivalent vu 95 T-Shirten entsuergt
  • 11.000 Liter Waasser gi bei der Produktioun vun enger Jeans verbraucht
  • 30% vun de Saachen an eisem Kleederschaf gi keng eng Kéier ugedoe


Date de publication : 18.10.2022

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci