Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung – Sustainable Fashion October

Add to iCal   >

Du hues Loscht dech ze engagéieren an nei Leit kennenzeléieren?

Da komm einfach laanscht an den Oekozenter Pafendall (6, rue Vauban) an tausch dech mat anere Jonken zu deene Sujeten aus, déi dir um Häerz leien, déi dir Suerge maachen oder wous du dech wëlls abréngen.Wat kann ee maachen géint d’Klimakris? Wat léist si bei eis aus? Wéi kann d’Plastikflut agedämmt ginn? A villes méi.

D’move Versammlung ass ee reegelméissegt Treffen, bei deem mir eis zesummen iwwerleeën, wéi mir eis engagéiere kënnen a wéi eng Aktiounen mir Loscht hätten, zesummen ze organiséieren. Et ass och méiglech, dech iwwer Videokonferenz bäizeschalten wanns du net am Land bass.

Wat steet um Plang?

Den Oktober steet bei eis ganz am Zeeche vun nohalteger Kleedung. Andeems mir eis zesummen an dat Thema eraschaffen, preparéiere mir eisen Upcycling Workshop vu nächster Woch. Duerno lancéiere mir och nach en Update vu Move Approved, eisem nohaltege Guide vu Lëtzebuerg. Kuck gäre scho mol hei eran: Move Approved | Luxembourg’s alternative guide

Du hues nach Froen?

Da mell dech beim Catherine oder beim Tanja iwwer move@oeko.lu oder schreif eis op Facebook/Instagram

Mir freeën eis!

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci