Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung – Wat ësst een eigentlech zu Kopenhagen?

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

De leschte Mëttwoch (25.11.) hate mir zesumme mat dem Mouvement Ecologique an de Jongbaueren ee spannende Meeting mat der Expertin Line Rise Nielsen aus Kopenhagen zum Thema “Iessen an de Kantinnen”.

Hei si mir vill néits gewuer ginn a konnten eis een Androck maachen op Kopenhagen ee Virbild kéint duerstelle fir Lëtzebuerg an wat mir vun hiren Erfarungen an hirem Succès léiere kéinten.

An dëser Versammlung zéie mir ee Bilan an, beäntwerten oppe Froen a probéiere mat Hëllef vum Rapport ze entscheede wéi mir bei dësem Thema virukomme kënnen.

Den Rapport fënns du héi: https://trello.com/c/1W1bFtWM

Dës Versammlung ass am Oekozenter!!!

Wgl. dénk drun deng Mask matzebréngen, an desinfizéier dir beim Erankommen deng Hänn.

D’Versammlung ass am grousse Sall (éischte Stack) ënnert den aktuelle sanitäre Moossnamen.

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci