Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung – Zäit fir een Update

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

An dëser Versammlung schaffe mir un engem kléngen Update fir eisen Online-Guide moveapproved.lu an iwwerleeën zesumme wéi eng Adressen een nach kéint virun der Summervakanz op de Site setzen an bereeden och schonn déi éischt Drafts fir dës Artikele vir.

Du wollts schonn ëmmer een eegenen Artikel verfaassen an anere Léit cool Tipps gi wou si kënnen iessen/drénken, shoppen, chille goen oder sech engagéiere kënnen? Dann komm laanscht an ënnerstëtz eis!

Dës Versammlung ass am Oekozenter!!!

Wgl. dénk drun deng Mask matzebréngen, an desinfizéier dir beim Erankommen deng Hänn.

D’Versammlung ass am grousse Sall (éischte Stack) ënnert den aktuelle sanitäre Moossnamen.

Loading Map....
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci