Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.Versammlung – Biodiversitéit

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

  • Wéi steet move. zu Biodiversitéitspolitik héi zu Lëtzebuerg? Scho méi oft hunn mir bei move. iwwert verschidden Aspekter vun der Biodiversitéit zu Lëtzebuerg geschwat an op der enger oder anerer Excursioun hunn mir eis dës och um Terrain ugekuckt.
  • Am Kader vun der Virbereedung op eis Diskussiounsronn mat de Jugendparteie kucke mir eis elo un wéi aktuell d’Positioun vu move. zum Thema déi scho viru längerer Zäit verfaasst gouf nach ass, a wéi mir dës nobesseren an erweidere kéinten.
  • Hei fënns du de Positiounspabeier vun deemools: https://move.meco.lu/2019/07/03/ouni-aartevillfalt-keng-zukunft-meiglech/

Dës Versammlung ass online via Zoom!!!

Meeting ID: 369 987 7410
Meeting PW: 0110001111
Meeting Link: https://us02web.zoom.us/j/3699877410?pwd=Z3J5U0kweTBiWDk4NEpDVkpuU0ZNZz09
Dës Woch fënnt éis Versammlung nees online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Zoom.

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci