Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

moveVersammlung – What’s next?

Add to iCal   >

D’move.Versammlung ass ee reegelméissege Meeting wou mir op aktuellen Theme schaffen, Aktivitéite plangen, konkret Projeten ëmsetzen an dëst alles an enger entspaanter Atmosphäre.

Du waars nach ni bei enger Versammlung? Dann komm einfach laanscht, a léier nei Léit kennen. Du brauchs och kee speziellt Virwëssen a kanns direkt deng Iddien an Meenungen anzebréngen.

Wat steet um Plang?

  • An eiser éischter Versammlung am néie Joer maache mir zesumme kuerz de Point vun deem wat mir am leschten hallwe Joer esou gestiicht hunn a kucken zesumme wat eis am kommenden hallwe Joer esou erwaart.
  • Inhaltlech ass et da wierklech ganz dringend Zäit fir déi nächst Episode vun eisem Podcast “Um Comptoir” virzebereeden, dëst zu engem vun dësen dräi Themen: Solawi, Stadtgrün oder Food Waste

Dës Versammlung ass online via Zoom!!!

Meeting ID: 369 987 7410
Meeting PW: 0110001111
Meeting Link: https://us02web.zoom.us/j/3699877410?pwd=Z3J5U0kweTBiWDk4NEpDVkpuU0ZNZz09
Dës Woch fënnt éis Versammlung nees online statt. Dat ganzt mat Hëllef vun Trello & Zoom.
Besuergt iech en Headset (Kopfhörer mat Micro drun).

Kuckt iech optimalerweis virun der Versammlung un wéi Zoom funktionéiert, fir dass mir wärend der Versammlung produktiv schaffen kënnen.

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci