Nationale Plastikdag – Grouss Parade fir méi Plastik
Add to iCal >Fir d’Feierlechkeete vum nationale Plastikdag ruffe mir all Plastikkonsumenten a Plastikkonsumentinnen op de Plastik mat eis zelebréieren ze kommen. Wärend et eiser Natur ëmmer besser geet – ass et un der Zäit eise Plastikkonsum och mol eng Kéier an d’Luucht ze schrauwen. Mir kenne roueg nach eng Schëpp bäileeën.
+++ Dresscode: Dir kennt gären en T-Shirt mam #becauseplasticisfantasticundoen. Sou wéi allméiglech Plastiksaccessoiren. Et ass schliisslech eng offiziell Parade fir de Plastik.+++
+++Vergiesst net äre Plastik matzebrénge fir der Groussherzoglecher Plastik Koppel domat entgéint ze wénken. D’Koppel gesäit och gären Plakater déi zum Plastikkonsum opruffen.+++
Hei fannt der déi offiziell Fuerderungen zum nationale Plastikdag:
+ Porzeläinstelleren a Läffelsgeschir a Restauranten an an ëffentleche Kantinnen duerch Plastiksgeschir ersetzen.
+ All Plastiksfläsch soll ab elo just nach eemol benotzt ginn. Remverwendbar Alternative solle lues a lues der Vergaangenheet ugehéieren.
+ Fir genuch Plastik ze produzéieren, sollen all eis Liewensmëttel an Zukunft mindestens 2 mol a Plastik agepaakt ginn.
+ Jiddereen dee Plastik produzéiert soll kenne vu staatleche Subside profitéieren a vun engem reduzéierte Steiersaz profitéieren.
+ D’TVA op Plastiksproduite soll erofgeschrauft ginn.
+ De Recyclage soll verbuede ginn.
+ Mir wëllen e Label fir Geschäfter déi genuch Plastik verkafen.
+ All Responsabele Bierger dee genuch Plastiksoffall am Joer produzéiert soll dat um Enn vum Joer vun de Steiere kennen ofsetzen.
Vive de Plastik – because plastic is fantastic
P.S. So denge Kollege Bescheed a kommt laanscht! Déi grouss Plastikparade wäert ongeféier eng Stonn daueren. Treffpunkt ass an der Stad virun der Gare.