Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Open Meeting: Youth in Action

Add to iCal   >

Wéi kënne Jonker zu Lëtzebuerg sech am Klima-, Natur- an Ëmweltschutz engagéieren?

Zesumme mat Natur&Ëmwelt a Youth for Climate organiséiere mir en Open Meeting am Independent Café an der Stad (6, Boulevard Roosevelt). Desen Open Meeting gëtt dir d’Méiglechkeet, d’Jugendgruppen vum Mouvement écologique, vun Natur&Ëmwelt a Youth For Climate kennenzeléieren a gewuer ze ginn, wéis du dech hei zu Lëtzebuerg abrénge kanns, wéi eng Projete scho lafen a wat nach geplangt ka ginn (villäicht jo souguer mat denger Hëllef!) Deng Iddien an däin Point-de-Vue sollen dobäi natierlech net ze kuerz kommen.

Ab 18h30 geet et lass, fir an engem labbere Kader ze diskutéieren, nei Leit kennenzeléieren an ee Patt ze drénken. Mir freeën eis op dech!

 

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci