Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Upcycling Workshop @Lët’z Refashion

Add to iCal   >

 

15 Kilogramm nei Kleeder, Textilien a Schong keeft laut der EU-Ëmweltagence all EU-Bierger:in pro Joer (Stand 2020). Ma amfong kann ee grad esou gutt aus aale Kleeder nees nei maachen, an doduerch Suen, Waasser, CO2 an aner wäertvoll Ressource spueren. Wéi dat geet weist eis rethink your clothes op eisem Upcycling Workshop, deen den 12. Oktober an hirem Buttek “Lët’z Refashion” an der Uewerstad stattfënnt. Kommt laanscht fir mat eis ze bastelen an ze diskutéieren. Wanns du wëlls, kanns du al Kleedungs- oder Stoftestécker matbréngen, fir dorausser nei Kleeder ze maachen. Mir hunn awer och nach eng ganz Rei Kleeder an eiser Spënnchen, déis du fir de Workshop notze kanns.

Umellen kanns du dech hei am Aschreiwungsformulaire oder mat engem Mail un move@oeko.lu. Bis dann!

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci