Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique
No Events

Visionäre 2022: Angscht virun der Klimakris? Loosst eis driwer schwätzen!

Add to iCal   >
Wat erwaart dech?

Iwwerschwemmungen an deem enge Summer, Afenhëtzt an Dréchent an deem nächsten. D’ Noriichte vu Klimaextremer an der ganzer Welt kënnen een zimmlech mathuelen, an och hei bei eis spiere mir d’Klimakris ëmmer méi staark. An trotzdeem dréint d’Welt weider an et huet ee séier den Androck, dass net genuch geschitt fir aus dëser Kris nees erauszekommen. Mëttlerweil gëtt de Klimawandel an de Schoulen ëmmer méi thematiséiert. Am beschte Fall gëtt och driwwer geschwat, wat ee maache kann fir dem Klimawandel entgéint ze wierken. Wouriwwer awer quasi ni geschwat gëtt ass, wéi mir mat all deenen dach oft erschreckenden Informatiounen iwwerhaapt ëmgoe sollen.

De 4. Oktober organiséiert move. am Oekozenter Pafendall déi 6. Editioun vum Jugendforum „Visionäre“ ënnert dem Titel “Angscht virun der Klimakris?! Loosst eis driwwer schwätzen”. Hei kenne bis zu 25 Jonker zesummekommen, fir sech am Austausch mat der renomméierten Psychotherapeutin Katharina van Bronswijk mat de Gefiller auserneenzesetzen, déi d’Klimakatastrophe bei eis ausléise kann.

D‘Katharina van Bronswijk ass selwer engagéiert am Klimaberäich, Psychotherapeutin a si huet rezent e vill gelueftent Buch erausginn mam Titel „Klima im Kopf – Was die ökologische Krise mit uns macht“. Hiert Haaptuleies: Thematiséiere wat Noriichten zur Klimakatastroph bei eis ausléisen. Driwwer schwätzen wéi mir domat ëmgoen kënnen. A wat mir brauchen, fir un eng positiv Zukunft ze gleewen an eis vläicht souguer aktiv dofir anzesetzen.

Um Programm steet: Gespréichskrees mat eiser Referentin, Austausch mat Acteuren aus dem Beräich Klimaaktivismus an nohalteg Entwécklung zu Lëtzebuerg. Och fir Verfleegung an der Kaffis- & an der Mëttespaus ass gesuergt.

Umeldung bis den 28. September 2022

Mell dech an deng Kolleegen iwwer move@oeko.lu oder iwwert de Formulaire hei riets un, a so denger Direktioun oder denge Proffe Bescheed dass du deelhuele wëlls. Mir kënnen dir e Certificat de participation ausstellen, wanns du eng fir d’Schoul brauchs. Wanns du zu den éischte 25 Persounen gehéiers, déi sech umellen, bass du dobäi! Mir freeën eis op dech 🙂

 

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci