Wir haben es satt!
Add to iCal >Mir ginn op Berlin!
“Wir haben es satt” – dat ass den Numm vun der Demo zu Berlin, wou move. schonn eng Rei Joren mat dobäi ass. Dëst Joer ass d’Demo Samschdes, den 20. Januar a mir sinn natierlech rëm motivéiert, fir zesumme mat Dausenden aneren Aktivist:innen op d’Strooss ze goen. Dëst Joer steet d’Demonstratioun ënnert dem Motto “Gutes Essen braucht Zukunft – für eine gentechnikfreie, bäuerliche und umweltverträgliche Landwirtschaft!”
Mir wäerte Freides moies, den 19. Januar hei vu Lëtzebuerg fortfueren a komme Sonndes, den 21. Januar, nees zréck.
Du wëlls mat dobäi sinn? Da schreif eis op move@oeko.lu oder iwwer Instagram (move.meco). Op eisem Site kanns du noliesen, wat mir lescht Joer alles gemaach hunn oder dir eise Reel op Insta ukucken.