Zukunftshaff
Add to iCal >Den Zukunftshaff ass ee Projet fir jonk Leit, déi sech fir Klimagerechtegkeet, Ëmwelt- an Déiereschutz an eng nohalteg Transitioun am Ernährungssekteur interesséieren an emol op eng aner Aart a Weis wëllen Erfarunge kréien.
Während 3 Deeg verbréngs du deng Zäit op engem Bauerenhaff, schaffs mat an erliews den Alldag op engem landwirtschaftleche Betrib. Zesumme schaffen heescht och, datt ee sech besser kenneléiert an d’Realitéit, d’Ängschten an d’Visiounen vun deenen anere verstoen a schätzen léiert. Den Zukunftshaff soll eng Plaz sinn fir Diskussiounen, Froen an natierlech vill nei Erkenntnisser.
Urees um Haff ass entweder Donneschdes Owes, den 12. September oder Freides Moies, den 13. September an Ofrees Sonndes den 15. September (am Formulaire kanns du deng Präferenz uginn).
Du géifs also mat um Haff wunnnen, fir och wieklech dat richtegt Haffliewen matzekréien an och eng Hand upaaken ze kënnen. Vir Verpflegung (Iessen, Duschen, etc.) ass natierlech gesuegt.
D’Iddi vum Zukunftshaff kënnt aus Daitschland, wou den Hof mit Zukunft scho säit e puer Joer erfollegräich stattfënnt. Hei de Link, fir sech en Androck ze maachen: https://www.wir-haben-es-satt.de/hof-mit-zukunft
Wanns du drun intresséiert bass, bei eisem Projet matzemaachen, da fëll w.e.g. dëse Formulaire aus: https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSclEEiHcUryJmuGyR_38sPr4t_PCoFferTE3sklyydxdIELkQ/viewform?usp=sf_link
Falls du awer fir d’éicht nach Froen dozou hues, dann zéckt net eis ze kontaktéieren, entweder op move@oeko.lu oder vun Dënsdes bis Freides (9h-17h) um 621686716.
AB 16 JOER!
Keng Alterslimite no uewen!