Réckbléck: Aktivisten-Austausch zu Stroossbuerg

Den 18. Mee war zu Stroossbuerg een Event fir sech mat Aktivisten aus ganz Europa auszetauschen a weiderzebilden, an ech (Alex) war als Member vu Move. a vum Deregulation Working-Group och um éischten Dag vum Kongress derbäi. De Motto war “We will lobby back”, fir sech kloer géint Deregulatioun auszeschwätzen, déi am Moment op EU-Niveau stattfënnt. Zoustänneg fir d’Organisatioun waren d’ “Young Friends of the Earth Europe” (YFoEE) Netzwierk a Milieudefensie Jong, de nidderlännesche Grupp vu YoungFoee.
Um Virowend sinn ech mam Zuch ukomm an hu mech direkt mat de reschtlechen Engagéierten ausgetosch a bäim Owesiessen ugefrënnt.
Méindes goung et da lass mat enger Virstellung vum YFoEE Netzwierk vum Alva. Di aner Aktivisten aus de nationalen Organisatioune konnte sech och virstellen a vun hire Projeten erzielen. Dëst war virun allem interessant fir di verschidde Facette vum Engagement ze gesinn.

Sou hunn d’Abigail an de Ludvig iwwert hier Projeten a Schwede geschwat, fir Jugendlecher iwwer de de Klimawandel a Biodiversitéitsverloscht ze sensibiliséieren, a wat fir Schwieregkeeten se begéint hunn.
Gläichzäiteg war et faszinant vu Milieudefensie Jong ze héieren, wei si lokal géint Lobbyismus & Deregulatioun virginn. D’Organisatioun schafft allerdéngs a ganz anere Moossstief ewéi Lëtzebuerg. Fir ee Verglach ze zeien: Vun de 50 Participanten déi präsent waren, waren der 30 aus Holland. Déi Präsenz weist sech och bäi hiren Aktiounen, si kréie vill Leit mobiliséiert, wouduerch se mei Drock op d’Politik kennen ausüben.

No enger klenger Paus ass et weidergaange mat Erklärungen zum Fonctionnement an der Geschicht vun der EU, vum Sam am Merle. Vu datt de Sam am Parlament geschafft huet, konnt een nach eng Kéier ee mei genauen Abléck an di verschidden Institutioune kréien, a wei dann elo wierklech Direktiven entstinn. Virun allem am Kontext vun dësem Kongress war dat wichteg: Fir géint Deregulatioun vu Lobbyisten ze kämpfen, ass et wichteg ze wëssen, wou des Deregulatioun stattfënnt, an d’Verständnis vun der EU ass dofir onabdingbar.
Mee generell ass d’EU wichteg am Engagement fir Klimagerechtegkeet, well d’Effete vun der Klimakris Grenzen iwwerschreiden, an d’Léisungen deementspriechend och musse kollektiv ausgeschafft ginn.


Um Mëttegiesse gouf sech da weiderhi mat anere Leit ausgetosch. Duerno huet d’Magdalena vu Global2000 aus Éisträisch d’Initiativ “Kettensäge stoppen” virgestallt. Dobäi geet et drëms, géint corporate capture a rondrëm d’Deregulatioun ze informéieren an opzeklären. Vu datt di ganz Legislatioun, déi d’Qualitéit vun eise Produiten an de Schutz vun den Aarbechter an de Liwwerkette séchert, relativ dréchen ass, konzentréieren si sech dorobber, een Narrativ ze entwéckelen, dat uspriechend fir de Publique ass. Dobäi geet et drëms, d’Konsequenzen op d’Gesellschaft ze beliichten an dat duerch eng Rëtsch vun Themen. Sou informéieren se iwwer d’Konsequenze vun der Deregulatioun op eis Ernärung oder d’Privatsphäre, fir d’Gewiicht vum Sujet ze verdäitlechen.
Als Ofschloss vum Dach war eng Visite vum Europa-Parlament ugesot, wou mer net nëmmen d’Chance hat’en, dat impressionant Gebai ze visitéieren, mee och den Ufank vun enger Plenarsëtzung mat ze erliewen. De ganze Prozess gesinn, d’Diskussiounen an d’Ofstëmmungen waren definitiv een Highlight vum Dag.
Virum Owesiesse war dann nach ee kulturellen Austosch, wou eng Teambuilding Aktivitéit ënnerholl gouf. D’Iddi war, dat all Persoun mat enger Persoun schwätzt mat der se sech nach net ënnerhalen huet. D’Ambiance war richteg flott am Sall, an d’Leit hunn sech richteg gutt verstan, obwuel di meescht sech den Dag virdrun nach guer net kannt hunn.



Generell war et eng mega Experienz, vu datt d’Thematik mech interesséiert, an d’Versammlunge ganz léierräich waren, an natierlech war et super flott Aktivisten iwwer d’Grenzen hinaus kennenzeléiere fir sech auszetauschen an nei Bekanntschaften ze knäppen.
Date de publication : 27.05.2026