move.Versammlung – Eng Diskussiounsronn organiséieren
Add to iCal >Wat steet um Plang?
Zesummen hunn mir an de leschte Versammlungen d’Iddi vun enger Diskussiounsronn mat de lëtzebuergesche Jugendparteien ausgeschafft. An der leschter Versammlung hunn mir schonn eng ganz Rëtsch gutt Froe gesammelt déi dëst Event sollen inhaltlech bestëmmen an mir hunn eis och scho konkret Gedanke gemaach mat wiem mir wéilte schwätze fir eis op d’Event virzebereeden.
An engem nächste Schrëtt wëlle mir elo eis mat YFC ofstëmmen déi sech dës Woch op hirer Versammlung och iwwert d’Event ënnerhalen an iwwerleeë wéi eng Froe fir si am Zentrum stinn.
Dës Versammlung kucke mir eis Froen, d’Froe vu YFC a probéieren een éischten Draft vun enger gemeinsamer Positioun aus dëse Froen ofzeleeden an auszeschaffen.
Dës Versammlung ass am Oekozenter!!!
Wgl. dénk drun deng Mask matzebréngen, an desinfizéier dir beim Erankommen deng Hänn.
D’Versammlung ass am grousse Sall (éischte Stack) ënnert den aktuelle sanitäre Moossnamen.