Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Zukunftshaff 2. Editioun!

Add to iCal   >

Den Zukunftshaff ass ee Projet fir jonk Leit, déi sech fir Klimagerechtegkeet, Ëmwelt- an Déiereschutz an eng nohalteg Transitioun am Ernährungssekteur interesséieren an emol op eng aner Aart a Weis wëllen Erfarunge kréien.

Déi éischt Editioun 2024 war fir déi jonk Participanten eng super Erfarung, an am Mee 2025 hu mir dunn de Jugendpräis 2025 an der Kategorie “One for Science” gewonn

Elo geet den Zukunftshaff an eng nei Editioun 2025 – an du kanns mat dobäi sinn!

Wärend 3 Deeg verbréngs du deng Zäit op engem Bauerenhaff, schaffs mat an erliefs den Alldag op engem landwirtschaftleche Betrib. Zesumme schaffen heescht och, datt een sech besser kenneléiert an d’Realitéit, d’Ängschten an d’Visioune vun deenen anere verstoen a schätze léiert. Den Zukunftshaff soll eng Plaz si fir Diskussiounen, Froen an natierlech vill nei Erkenntnisser.

  • Urees um Haff ass entweder Donneschdes Owes, den 11. September oder Freides Moies, den 12. September an Ofrees Sonndes de 14. September (am Formulaire kanns du deng Präferenz uginn).
  • Du géifs mat um Haff wunnen, fir och wierklech dat richtegt Haffliewen matzekréien an och eng Hand upaken ze kënnen. Vir Verpfleegung (Iessen, Duschen, etc.) ass natierlech gesuergt.

Du bass mindestens 16 Joer aal a wëlls den Zukunftshaff materliewen? Da fëll einfach dëse Formulaire aus. D’Umeldung geet nach bis den 10. August: https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSclEEiHcUryJmuGyR_38sPr4t_PCoFferTE3sklyydxdIELkQ/viewform?usp=sf_link 

Falls du awer fir d’éischt nach Froen dozou hues, dann zéck net eis ze kontaktéieren, entweder op move@oeko.lu oder vun Dënschdes bis Freides (9h-17h) um 43 90 30 32 .

Keng Alterslimite no uewen!

 

D’Iddi vum Zukunftshaff kënnt nämlech aus Däitschland, wou den Hof mit Zukunft scho säit e puer Joer erfollegräich stattfënnt. Hei de Link, fir sech en Androck ze maachen: https://www.wir-haben-es-satt.de/hof-mit-zukunft

Mei Infoen an Andréck vun eiser éischter Editioun 2024 fënns du hei: Dat war den éischten Zukunftshaff – Move

 

Map Unavailable
Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci