Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Serie vun Online-Dialoger “Um Comptoir”

Och wärend der Kris si mir als Jugendorganisatioun weider aktiv a maachen eis Gedanke wéi mir an Zukunft liewe wëllen. move., déi Jonk am Mouvement Écologique, mierken, datt Jugendlecher grad zu dësen Zäiten Interessi un engem Austausch hunn, wéi een eis Gesellschaft positiv verännere kann.

Lount sech Engagement? Wat huet Engagement an de verschiddene Beräicher bruecht? Wou sti mir haut? Wéi eng Moossname misste getraff gi fir eis Welt méi nohalteg ze gestalten? Wéi eng Konsequenze missten aus der Kris gezu ginn?

Duerfir organiséiert move., déi Jonk am Mouvement Écologique, eng Serie vu Live Online-Dialoger ennert dem Titel “Um Comptoir”.

Den éischten Dialog war ee spannenden Live Interview tëschent dem Mariana Dos Santos (Aktiv bei move.) an dem Blanche Weber (Presidentin Mouvement Écologique), dat ganzt am entspaanten Apero-Stil.

Och éisen zweeten Dialog wärt den 15ten Mee am selwechten Format stattfannen, dës Kéier tëschent dem Laura Dominicy (Aktiv bei move.) an dem Cédric Metz (Zoustänneg fir den Dossier Bildung beim Mouvement Écologique), dat Ganzt iwwert d’Thema Bildung zu Lëtzebuerg.

Ënnert dësem Link fënnt een och en kuerzen Interview am 100,7 wou d’Zoé eis Serie vun Dialoger kuerz erklärt: https://www.100komma7.lu/podcast/299474


Date de publication : 08.05.2020

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci