Move op 2000m2
Op engem verreente Moien an der Ouschtervakanz war move. erëm um Tuer. Dës Kéier ware mir op der Kockelscheier am Haus vun der Natur, wou mir Rendez-vous hate fir de Projet 2000m2 kennenzeléieren. Well mir am Moment vill um Thema Landwirtschaft schaffen, hu mir eis geduecht, datt et den idealen Zäitpunkt ass, fir eis de gemeinsame Projet vun Natur&Ëmwelt, IBLA a Co-Labor unzekucken.
Hei geet et drëms, ze visualiséieren, wéi eng Fläch ee bréicht, fir eng Persoun ee Joer laang ze ernären a wéi een déi Fläch dofir bestelle misst. Ausserdeem sollen d’Leit dozou ugereegt ginn, hiert eegent Iess- a Konsumverhalen ze iwwerdenken. Dofir krute mir wärend eiser Visitt ganz vill Fakten an Informatiounen duergeluecht, sou wéi zum Beispill iwwert d’Planetary Health Diet, bei der et drëms geet, sech esou ze ernären, datt eise Planéit souwéi di gesamt Mënschheet esou gesond wéi méiglech bleift.
Mir wieren awer net move., wa mir net och eng Hand mat ugepak hätten. Leider gëtt et Ufank Abrëll nach net esou vill um Feld ze dinn mee e puer Boune konnte mir awer séien. Mir freeën eis och schonn drop, am Summer zréck ze goen an ze gesinn, wat déi 2000m2 um Héichpunkt vum Joer alles hierginn. Schreif eis einfach iwwer Instagram oder op move@oeko.lu, wanns du gär mat dobäi wëlls sinn!
Méi Infoen zu dësem Projet fënns du hei:
- 2000m2 zu Lëtzebuerg : 2000m2.lu
- 2000m2 an der EU: Welcome to 2000m² (2000m2.eu)
Date de publication : 09.04.2024