Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Verëffentlechung vun: moveapproved.lu – The guide to change

Mat enger Pressekonferenz huet move., déi Jonk am Mouvement Ecologique haut den Online-Guide mat Adressen, déi ee besonnesche Fokus op Nohaltegkeet leeën lancéiert. Dëst mam Titel “The guide to change”.

moveapproved.lu

Moveapproved.lu ass eng digital néi Oplag vum alternative Stadplang fir Jonker, dee move. virun 3 Joer erausbruecht huet. D’Ziler vum Guide hunn sech net geännert an dofir läit de Fokus weiderhi drop Adresse siichtbar ze maachen, déi aus der Siicht vun de Jonken a Punkto Nohaltegkeet (ekologesch a sozial) ee Virbild sinn.

Dëst un Hand vu kuerze, flotten Artikelen, déi dank Foto an Adresseverlinkung och all néideg Informatioune liwweren.

Mat der neier Oplag sinn aus den ursprénglechen dräi Kategorien (Shop gutt, Buff gutt, Chill gutt) 5 Néier gi fir ee gréissere Beräich ofzedecken: Food&Drink, Activism, Culture, Free Time a Fashion.

Mat Fashion Revolution Luxembourg fir d’Kategorie Fashion bedeelegt sech ee staarke Partner mat vill Expertise um Projet, deen dës Kategorie eegestänneg betreit.

Fir all 5 Kategorien huet move. sech Richtlinne ginn, déi och ganz transparent um Site selwer kennen nogelies ginn. Dës Richtlinne sinn d’Basis vir d’Diskussioun an de Versammlungen wou move. entscheet, wéi eng Adresse schlussendlech op moveapproved.lu wäerte kommen. Moveapproved huet net den Usproch datt d’Adressen perfekt sinn an 100% der Idealvirstellung aus ökologeschen a soziale Krittären entspriechen. Et gëllt déi Adressen ze würdegen, déi ee signifikanten Effort fir d’Nohaltegkeet maachen an op hier Aart a Wéis ee Virbild sinn.

Beim Release vum Site fënnt all Interesséierten insgesamt 30 Adressen an der Stad. move. Plangt reegelméisseg Updates, bei deenen ëmmer eng bestëmmten Uertschaft/Regioun oder ee bestëmmten Thema am Fokus steet. Bei den themateschen Updatë wëll move. ee besonnesche Fokus op Theme leeën op deene move. am Moment schafft, duerfir ass z.B. scho konkret ugeduecht een Update zur solidarescher Landwirtschaft zu Lëtzebuerg ze maachen.

Mee och de Feedback vu baussen ass wichteg fir de Site spéiderhi weider ze entwéckelen, dofir ass dëst och een Opruff fir Adressen déi kéinten op de Site passen an de Krittären entsprieche via move@meco.lu ze mëllen.

De Projet moveapproved bléift och weiderhin virun allem ee Projet vu Jonke fir Jonker a mat der Zweesproochegkeet (Lëtzebuergesch an Englesch) gëtt de Projet engem gréissere Publik zougänglech gemaach.


Date de publication : 14.04.2021

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci