Audienz beim Groussherzog
Eng grouss Éier war et fir move. zesumme mat YFC zu enger Audienz beim Groussherzog agelueden ze ginn. move. gouf bei dëser Audienz vum Laura Dominicy an dem Luca Colling vertrueden. Dëst war net just eng eemoleg Geleeënheet fir dem Staatschef eis Suerge punkto Klimakris a Biodiversitéitskris matzedeelen, mee och fir de Message eriwwer ze bréngen, dass d’Politik leider nach net schnell genuch handelt. Et freet eis dofir besonnesch ze wëssen, dass de Groussherzog d’Suerge vun de Jonken eescht hellt.
https://monarchie.lu/fr/actualites/audience-de-representants-des-mouvements-move-et-youth-climate
Foto nr5. vu lénks no riets: Laura Dominicy, Julien Wald, Groussherzog Henri vu Lëtzebuerg, Luca Colling, Natasha Lepage
Date de publication : 06.07.2021