Veggie Monday an dengem Lycée: Maach mat bei eiser Ëmfro bis den 31. Mäerz!
Klick hei fir direkt bei d’Ëmfro ze kommen
English version below
Eemol an der Woch gëtt et an de Kantinne vum Kolléisch, vum Lycée Michel Rodange a vum Lycée Aline Mayrisch eng ganz speziell Menüskaart. Am Kader vum Veggie Monday kacht Restopolis nämlech lauter vegetaresch Alternative fir ze weisen, wat fir gutt Plat’en een och ouni Fleesch kache kann. De Veggie Monday ass agefouert ginn, wëll d’Majoritéit vun de Schüler:innen aus deene Lycéeën sech dat an enger Ëmfro gewënscht huet. Ma firwat ass dat dann eigentlech méi nohalteg a méi ökologesch? Mir hunn dir hei e puer Fakten zesummegestallt!
Fleeschproduktioun huet en héije Landverbrauch….
Ronn 70 Prozent vun der gesamter landwirtschaftlecher Notzfläch gëtt fir Véizuucht benotzt. Dee Prozentsaz ass esou héich well een net nëmme Plaz brauch fir d’Déiere selwer ze halen, mee och fir d’Fuddermëttel vun dësen Déieren hierzestellen.
Eng Milliard (1.000.000.000) Tonne Soja a Mais ginn all Joers un Notzdéiere verfiddert. Andeems d’Déieren zum Beispill mat Soja gefiddert ginn, huelen si vill Proteinnen op fir datt si méi séier wuessen. Ma den Ubau vu Soja brauch net nëmme vill Waasser, mee och vill Plaz. Virun allem a südamerikanesche Länner ginn op risege Fläche Soja-Monokulturen ugebaut, fir de Bedarf u Fudder fir d‘Notzdéieren aus der Fleeschproduktioun ze decken. Dat ass een Haaptgrond, firwat d’Ofholzung am Amazonasgebitt ee geféierlechen Ausmooss ugeholl huet.
Fir datt ee Stéck Fleesch produzéiert ka ginn, muss een also och fir d’éischt Fuddermëttel uplanzen. Wa manner Fleesch giess gëtt, kann des Plaz genotzt gi fir méi Geméis, Leguminosen an aner Liewensmëttel hierzestellen, déi mir direkt iesse kënnen amplaz datt se fir d’éischt un Déiere verfiddert musse ginn. Doriwwer eraus kann een och nees nei Bëschgebidder uplanzen. Dat ass gutt fir d’Biodiversitéit an och fir de Klima.
Dat heescht net, datt mir komplett géint Fleeschproduktioun sinn. Eng Weedehaltung ass wichteg fir eis Kulturlandschaft an eis Biodiversitéit ze erhalen. Mais mat enger gudder Weede- an enger aartgerechter Haltung ass et net méiglech esouvill Fleesch ze produzéieren, wéi mir haut verbrauchen.
(Source Zuelen Landverbrauch op der Affiche: https://www.regenwald-schuetzen.org/fileadmin/user_upload/pdf/Projekt/Weil-wir/Fleisch/weil-wir-es-wert-sind-zahlen-fakten-fleischkonsum.pdf)
…an och Waasserverbrauch.
Och wann déi gréisste Fläch vun der Äerd vu (Salz-)waasser bedeckt ass, bléift Séisswaasser, also Drénkwaasser, eng kostbar Ressource: just 3% vum Waasser op eiser Äerd ass tatsächlech Séisswaasser. Vun deenen 3% sinn nëmmen 31% benotzbar, well de Rescht veräist um Nord/Südpol oder a Gletscher gefaangen ass. Virun allem am Summer, wann et laang net reent, komme mir ëmmer nees no un d’Limitte vun der Grondwaasserversuergung.
70% vun eiser Séisswaassernotzung ass op d’Landwirtschaft zréckzeféieren. Jee nodeems, wéi ee Stéck Fleesch produzéiert gëtt, verbraucht dat méi oder manner Waasser. Dobäi gëtt mat aberechent, wat d’Déieren z’iessen an ze drénke kréien (Soja aus südamerikanescher Produktioun huet en enorm héije Waasserverbrauch), ob se am Stall oder dobaussen op der Wiss gehale ginn a wéi laang si gemäscht ginn.
Genee esou wéi beim Landverbrauch, ka Waasser méi effizient fir d’Produktioun vu Liewensmëttel genotzt a geschount ginn, wann de Fleeschkonsum verréngert gëtt. Sou wéi mir de Moment Fleesch produzéieren, brauche mir vill méi Planze fir Fleesch z’iessen, ewéi wa mir dës Planze géingen direkt fir d’mënschlech Ernärung gebrauchen.
(Source Zuelen Waasserverbrauch op der Affiche: WEB_200331_isswas_Update 2020_buch (1).pdf (boell.de))
D’Fleeschproduktioun huet en héijen Ausstouss u klimaschiedleche Gaser
De mënschegemaachte Klimawandel gëtt doduerch ugedriwwen, datt mir ze vill Zäregaser (CO2, Methan etc.) an d’Äerdatmosphär ausstoussen. Des Gaser absorbéiere Wäermt, déi vun der Äerduewerfläch ausgeet an doduerch kann dës Wäermtstralung net zréck an de Weltraum passéieren. Genee wéi an enger Zär kënnt also Sonnestralung an eis Atmosphär eran, d’Hëtzt gëtt dann awer bannen „festgehalen“.
Eis Ekonomie ass haut nach onheemlech staark dovun ofhängeg, datt mir Zäregasen ausstoussen. Beim Iessen ass et net anescht: laut dem Weltklimarot IPCC, sinn tëscht 21 a 37 Prozent vun den Zäregasemissioune weltwäit op den Ernärungssekteur zréckzeféieren.
Fir zum Beispill Fleesch hierzestellen, mussen Déieren transportéiert ginn, am Wanter déi grouss Ställ gehëtzt ginn, Trakteren ugedriwwe ginn asw. Doriwwer eraus stousse Kéi an aner Wiederkäuer och Methan aus, wat sech besonnesch duerch déi industriell Massendéierenhaltung zu enger grousser Quantitéit un Zäregaser summéiert. D’Produktioun vu planzleche Liewensmëttel ass wäitaus manner intensiv am Ausstouss vun Zäregaser.
(Source Zuelen fir d’Berechnung vum CO2-Ausstouss op der Affiche: COWSPIRACY: The Sustainability Secret)
Manner Fleesch iessen ass gesond
Eis Gesellschaft ësst vill Fleesch. D‘„Deutsche Gesellschaft für Ernährung (DGE)“ recommandéiert, net méi wéi 600 Gramm Fleesch pro Woch z‘iessen. Zu Lëtzebuerg ësst eng Persoun am Duerchschnëtt 80 kg Fleesch pro Joer (Stand 2020) – dat ass bal dat dräifacht dovun. (Source: Meat supply per person, 2000 to 2020 (ourworldindata.org)). Een ze héije Fleeschkonsum erhéicht de Risiko vun Diabetes, Häerz- a Kriibserkrankungen.
Eng gesond Ernärung ass equilibréiert a variéiert. Laut dem Gesondheetsministère, soll een erwuessene Mënsch all Dag ronn 5 Portiounen Uebst a Geméis iessen an 1-2 Portioune Fleesch/ Fësch/Eeër/vegetaresch Alternativen. Wann ee weiderhi Fleesch iessen a kafe wëll, da soll een am Beschten drop oppassen, datt et biologesch produzéiert ginn ass – dat ass méi gesond a besser fir de Klima.
Ass eng ganz vegetaresch/vegan Ernärungsweis gesond?Eng vegetaresch a vegan Ernärungweis ass gesond, jo – wann een se mat genuch wichtegen Närstoffer a gesonde Liewensmëttel ausgläicht. Mir recommandéieren awer een Dokter oder eng offiziell Website ze besichen, wanns du dir iwwerlees zu esou engem Iessenstil ze wiesselen. Do gëss du gewuer, wéi eng Närstoffer wichteg si fir eng equilibréiert Ernärung ouni Fleesch, an a wéi enge Liewensmëttel du déi fënns.
Maach mat!
Laut enger Ëmfro vum Landwirtschaftsministère (2023), hu méi wéi d’Hallschent vun den Awunner zu Lëtzebuerg hire Fleeschkonsum an de leschte Jore reduzéiert. Och an de Schoulen huet een dat gemierkt: No enger Testphase vum Veggie Monday déi kloer gewisen huet, datt ganz vill Schüler:innen Méindes an d’Kantinne ginn, huet all Schoul dat Konzept bäibehalen.
Du wënschs dir, datt de Projet vum Veggie Monday och an denger Schoul gestart gëtt? Da maach mat bei dëser Ëmfro a schéck se all denge Kolleegen! Mir vu move. (déi Jonk am Mouvement Ecologique) a vun der CNEL (Conférence Nationale des Élèves du Luxembourg) ënnerstëtzen iech dobäi, fir är Schoulkantin méi nohalteg ze maachen.
FIND HERE the flyer in english language, with facts and figures about meat consumption
Date de publication : 16.01.2024