Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Nei Gesiichter bei move.

move. huet elo zwee nei Gesiichter: d’Catherine Jacoby an d’Tanja Duprez si säit Ufank Mee resp. Ufank Juni fir d’Koordinatioun vun eisem Jugendgrupp move. zoustänneg a féieren domat d’ Aarbecht vum Etienne Degeest virun, deen de Mouvement écologique Ufank des Joers verlooss huet well en op Berlin geplënnert ass.

D’Catherine (27) huet Politikwëssenschaften an International Bezéiungen an Éisträich an a Spuenien studéiert, an huet sech dobäi virun allem op Ëmweltsujeten spezialiséiert. Hatt ass net nëmmen een Naturmënsch, mee huet sech a sengen éischte Woche beim move och schonn en Numm als „Flyerqueen” gemaach.

D’Tanja (27) huet Politikwëssenschaften an der Belsch an an Däitschland studéiert an huet zwee Joer laang an der däitscher Kooperatiounsaarbecht zum Sujet vun der Klimaadaptatioun geschafft. Nieft der Aarbecht ass säi Kalenner virun allem mat musikaleschen Aktivitéite gefëllt –  sief dat als Musekerin am Orchester oder als Sängerin an enger Band.


Date de publication : 13.06.2022

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci