Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Move.Your.Consumption – Summerfest 2022

No 2 Joer Pandemie-bedéngter Paus war et dëst Joer endlech erëm sou wäit: déi 4. Editioun vun eisem grousse move. Summerfest huet Samschdes, den 2. Juli am Oekozenter stattfonnt. D’Fest stoung ënnert dem Motto move.Your.Consumption an huet sech deemno em de Sujet “nohaltege Konsum” gedréint. Am Virfeld haten déi jugendlech Benevollen iwwert eng online Ëmfro op Social Media an an enger vun de Versammlungen ofgestëmmt, dass mir eis an de nächste Woche méi mam Thema Konsum befaasse wëllen.

Gebuede goufen dëst Joer e Kleedertausch- souwéi en DIY-Atelier, eng Diskussiounsronn zum Thema (nohaltegen) Konsum, an natierlech, wéi all Joer, e leckere vegan/vegetaresche Buffet. Fir de musikaleschen Deel waren 3 flott Bands invitéiert an een DJ vir den Owend ofzeschléissen.

Nodeems mir all zesummen iwwer zwee Méint an eise wëchentleche Versammlungen eist Summerfest geplangt haten, zum Beispill wéi eng Bands mir buchen, wat mir kachen, wéi eis Diskussiounsronn oflafe soll a wéi eng Aktivitéite mir soss nach wëllen ubidden, hu mir eis all immens gefreet, wéi den Dag endlech do war. Moies um 11 hu mir eis scho mat de “moveler” getraff vir eise Buffet virzebereeden an als Team ze kachen. Dertëschent hu mir dann och Pizza bestallt an eis déi zesummen op der Terrasse vum Oekosoph gutt schmaache gelooss. Bis um 16h dunn déi éischt Leit komm sinn, ware mir nach fläisseg amgaang mat preparéieren.

D’Fest ass lassgaange mat eiser Diskussiounsronn iwwert “nohaltege“ Konsum, zesumme mam Elisha Winckel, deen ënnert dem Numm watermelonactivist op Social Media iwwert all méiglech Klima- an Ëmweltsujeten opkläert. Fast Fashion war een Thema, dat déi Jonk immens intresséiert huet a wou si och e puer flott Alternativen nënne konnten. Sou waren der zum Beispill e puer der Meenung, d’Schoule missten eng méi grouss Roll iwwerhuelen an de Schüler:innen eng méi nohalteg Liewensweis noleeën. Haushaltskuere wéi zum Beispill Bitzen, Kachen, Botzen dierften usesch op kengem Stonneplang feelen. Generell waren den individuelle Konsum an den Drock vun der Gesellschaft e grousst Thema an der Ronn. Déi Jonk hunn och aus Erfarung erzielt, wéi schwéier si et fannen, esou Theme mat Leit ze beschwätzen, déi net an der “green bubble” dra sinn. Schlussendlech ware mir eis awer eens, dass individuellt Handelen eleng eis net dohin bréngt, wou mir hi wëllen: e méi nohaltege Konsum, eng méi nohalteg Welt. Dofir brauche mir eng méi fuerdernd a gläichzäiteg méi ënnerstëtzend Politik.

Uschléissend hunn e puer Leit an eisem Atelier Seedbombs gemaach, bis de ganze Blummesoom opgebraucht war. D’Seedbombs goufen op d’Säit geluecht vir ze dréchnen an dunn a Gebeessglieser gemaach, vir dass d’Leit se owes nees konnte mat Heem huelen. Anerer ware méi um Kleedertausch intresséiert a ware frou, wann si e Kleedungsstéck vun enger anerer Persoun fonnt hunn, wat hinne gutt gefall huet a wat si mat heem huele konnten.

Relativ pünktlech huet um 18h eis éischt Musekerin ugefaangen. Hannah H, Singer/Songwriter, huet d’Publikum mat sengem Gesang a senger akustescher Gittar begeeschtert. Duerno ass de Buffet opgaangen an net wéineg Leit hu sech souguer vir eng zweet Ronn an d’Rei gestalt.

Wéi dunn jidderee fäerdeg giess hat, hunn The Tyllms, eng Schülerband aus dem Lycée Ermesinde, mat hire Rock-Pop Sounds d’Publikum iwwerzeegt. Obwuel et hiren éischte Concert ausserhalb vun der Schoul war, hu si eng immens Stëmmung op der Terrasse vum Oekosoph verbreet. Als nächst war déi relativ nei Band Fugranic drun, déi mat hirer Pop/Soul Musik, ëmgi vu Liichterketten, eng chilleg Wuelfill-Atmosphäre geschaafen hunn. Als Ofschloss huet den DJ Mathias Treinen mat senge coole Beats den Dag ausklénge gelooss.

Um Enn ware mir eis all eens, dass d‘ move. Fest nees e vollen Erfolleg war, a mir freeën eis schonn op d’Editioun 2023!


Date de publication : 08.07.2022

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci