Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move. op Besuch beim Krautgaart

An der Fuesvakanz war move. beim Krautgaart zu Besuch, engem solidaresche Geméisbaubetrieb zu Stengefort. Mir kruten de ganze Site gewisen an erkläert, wéi si schaffen, op wat si oppassen a fir wat si stinn. Dobäi konnte mir natierlech och all méiglech Froe stellen, déi eis um Häerze louchen.

No dëser Aféierung gouf et Kichelcher a Kaffi, un deem mir eis e bëssen opwierme konnten.

Dunn ass et lass gaangen. Mir hunn a klenge Gruppen Uebstbeem geplanzt, nodeems mir genau gewise kruten, wéi een dat am beschte mécht.

Uschléissend si mir op den zweete Site vum Krautgaart zu Käerch gefuer, wou mir fir d’éischt mol eng kleng Mëttespaus gemaach hunn an eis Schmiere giess hunn, déi mir eis matbruecht haten. No der Paus ass et weider gaange mam schaffen. D’Beeter waren nach net all fäerdeg fir beplanzt ze ginn, also hu mir si prett gemaach. Mir hunn si mat Kompost bedeckt an d’Weeër ronderëm mat Hackschnetzel. Dëst war eng flott Teamaarbecht, bei der mir awer och gutt an d’Schweesse komm sinn. No e puer Stonne war eis Aarbecht gemaach a mir sinn all zefridden a mat vill neiem Wëssen heem gaangen.

Mir hunn decidéiert, dass mir méi oft eng Visitt beim Krautgaart maache wëllen, well et immens interessant ass ze gesinn, wéi eng Aarbecht wéini usteet, ee vill dobäi léiert an et Spaass mécht, eng Hand unzepaken.


Date de publication : 22.02.2023

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci