Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

NEI: fënnefopzwielef – de politeschen Nohaltegkeetspodcast vu move.

Dëse Freideg ass déi éischt Episode vun eisem neie Podcast fënnefopzwielef eraus komm! Iwwer Wochen hu mir un engem neien Design, neien Themen an enger neier Struktur geschafft, fir iech elo eise politeschen Nohaltegkeetspodcast presentéieren ze kënnen. Maacht iech prett fir spannend Interviewen, Reportagen an Diskussiounen zu all deene Froen, déi eis beweegen. All 4te Freideg am Mount gëtt et eng nei Folge vu fënnefopzwielef, op Radio Ara an op Spotify!

Eischt Episod: Jonk an engagéiert – firwat lount sech dat?

Wann et ëm eis Zukunft geet, hu mir et selwer an der Hand. Dat gëtt eis Jonken jiddefalls oft gesot. Engagéiert iech, soen se, setzt iech an fir dat, wat iech wichteg ass! Ma dat ass net ëmmer esou einfach, besonnesch an enger Welt déi ëmmer méi komplex gëtt a wou d’Krisen sech heefen. Gesellschaftspoliteschen Engagement heescht och, sech no der Schoul motivéieren, fir sech innerhalb vun enger Organisatioun an ze bréngen, mat ze diskutéieren a mat ze schaffen. Mir schwätzen an dëser éischter Episod vun der neier Staffel driwwer, wou een sech hei zu Lëtzebuerg gesellschaftspolitesch engagéiere kann a firwat dësen Engagement sech nach ëmmer lount. Ausserdeem stelle mir e puer Projete fir, wou Schüler:innen sech an hirer Schoul engagéieren. 

Méi Infoen zu de Jugendorganisatiounen a -gruppen an eisem Podcast: Jugend Parlament, CNEL – Conférence Nationale des Élèves du Luxembourg, LRSL_Actionteam4future

Du wëlls selwer aktiv ginn, dech mat anere Jonken zesummendoen an ufänken eppes ze veränneren? Da komm einfach ganz onverbindlech op eis Versammlung laanscht, ëmmer mëttwochs um 17.30 Auer am Oekozenter Pafendall. Mir freeën eis op dech!

fënnefopzwielef?

Och wann den Numm villäicht den Androck vermëttelt, datt et ze spéit ass fir alleguerten déi grouss Froen a Krisen an der Welt unzegoen, wëlle mir hei am Podcast grad de Géigendeel beweisen. Et ass dringend, datt sech eppes ännert, mee mir hunn och d’Hoffnung datt mir all zesummen eppes ännere kënnen. Wéi, wat a wou? Dat gëss du am Podcast gewuer!

Ee grousse Merci geet un d’Irina Moons fir de flotten Design vun eisem Logo an un de Radio Ara fir dee wonnerbaren Encadrement!


Date de publication : 31.03.2023

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci