Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move. on Tour: Summercamp zu Lëlz

Fir de move. Summercamp huet et eis dëst Joer nees an de schéinen Norden un de Stauséi verschloen. D’Sonn war um Rendez-vous, perfekt also fir dobausse beim Waasser déi nächst Aktioun ze plangen, ze diskutéieren, ze chillen an eng Ronn schwammen ze goen. Mir sinn zesumme mam „Centre nature et forêt“ vun der Natur- a Forstverwaltung an de Bësch gaangen, wou mir gewise krute wéi eng Beem ronderëm de Stauséi wuessen, wéi de mënschleche Liewensstil sech op den Ecosystem Bësch auswierkt a wou kleng Bambien an der Nuecht schlofen. Mir hunn un eiser nächster Episod fir de Podcast „fënnefopzwielef“ geschafft an eis gutt Slogan’en fir eise Projet am Kader vum „Veggie Monday“ iwwerluecht. An natierlech hu mir och vum gudde Wieder profitéiert, fir mat Stand-up Paddles iwwert de Stau ze fueren. D’Jugendherberg huet eis mat leckerem veganen Iesse versuergt an och d’Snacks bei eisem Filmowend „Don’t Look Up“ dierften net feelen. Zwee gutt gefëllte Summercamp-Deeg also!

Elo si mir prett fir d’Rentrée an den 20. September geet et och schonn nees lass mat der éischter Versammlung no der Summervakanz. Mir hu ganz vill Iddien am Kapp fir besonnesch lo virun de Walen nacheemol gutt haart ze ginn. Komm einfach laascht op eis Versammlung, mëttwochs ab 17.30 Auer am Oekozenter Pafendall!


Date de publication : 13.09.2023

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci