Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

E sonnege Start an d’Summervakanz

D’Schouljoer kënnt sou lues ob en Enn an och bei move. maache mir eis prett fir eng wuel verdéngte Summervakanz. Fir eis lescht Versammlung hu mir eis fir e vegane Picknick am Park nieft dem Oekozenter getraff. Jiddereen:t huet e puer Snacks, Zaloten a Spiller matbruecht. Bei guddem Iessen an enger chiller Atmosphär ass et drëms gaangen ee Réckbléck op dëst Joer ze geheien: eis Aktioun am Kader vu Black Friday, eisen Trip op d‘„Wir haben es satt!“-Demo, d’Gespréichsronn am Gudde Wëllen, eist flott Move. Fest an – net ze vergiessen – de Start vun eisem Podcast „Fënnef Op Zwielef“, vun deem mëttlerweil déi drëtt Episod erauskomm ass.

E Mëttwoch ass et och drëms gaange fir eis iwwert déi gutt a manner gutt Aspekter vun dësem Joer auszetausche fir d’nächst Joer optimal ze starten. E flotten Ofschloss fir e flott Schouljoer.

Weider geet et dann an zwee Méint, wa mir eis vum 6. bis den 8. September um Misärshaff fir eise Summercamp treffen. Du kanns dech hei dofir umellen – mir freeën eis op dech!



Date de publication : 14.07.2023

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci