Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

nei Episod vu fënnefopzwielef: Nohalteg ënnerwee

Episod Nr.4: Nohalteg ënnerwee

Iwwert Mobilitéit léisst sech streiden. Déi eng verstinn net, wéi een iwwerall ka mam Auto hifueren, wann et dach méi nohalteg geet andeems een den ëffentlechen Transport notzt oder mam Vëlo fiert, an déi aner fannen den Auto einfach vill méi praktesch. An dëser Episod schwätze mir driwwer, wéi eng alternativ Mobilitéit zum Auto kann ausgesinn, wéi mir souguer an der Schoul méi ekologesch reese kéinten, wéieng Organisatioun sech fir de Vëlo asetzt a wat d’Vir- an Nodeeler vun der Elektromobilitéit sinn. Wéi ëmmer hu mir d’Meenung vun e puer Leit op der Strooss agefaangen an hunn d’Episod mat engem klenge Spill ofgeschloss, bei dem dir matroden kënnt.

fënnefopzwielef?

Ëmmer op engem 4te Freideg am Mount gëtt et eng nei Folge vu fënnefopzwielef, op Radio Ara an op Spotify! Maacht iech prett fir spannend Interviewen, Reportagen an Diskussiounen zu all deene Froen, déi eis beweegen.

Och wann den Numm villäicht den Androck vermëttelt, datt et ze spéit ass fir alleguerten déi grouss Froen a Krisen an der Welt unzegoen, wëlle mir hei am Podcast grad de Géigendeel beweisen. Et ass dringend, datt sech eppes ännert, mee mir hunn och d’Hoffnung datt mir all zesummen eppes ännere kënnen. Wéi, wat a wou? Dat gëss du am Podcast gewuer!

Ee grousse Merci geet un d’Irina Moons fir de flotten Design vun eisem Logo an un de Radio Ara fir dee wonnerbaren Encadrement!


Date de publication : 22.12.2023

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci